Beschreiwung:
Mam C Führerschäin kënnt Dir fueren:
- Camion
- Aarbechtsmaschinn iwwer 12000 kg (m.m.a.)
- Unhänger bis 750 kg (m.m.a.)
Viraussetzung:
Mindestalter: 18 Joer & den Autosführerschäin
Formatioun:
Theorie: 10 Stonnen (6 Code + 4 Mécanique)
Praxis: 14 Stonnen + Examen
Falls een de Führerschäin fir de Bus (D), oder den klengen Camion (C1) schonn huet, da fällt d’Théorie Mécanique ewech an et si nëmmen 10 Stonnen Praxis noutwendeg
Präisser:
Theorie: 180€ fir d’Aschreiwung, Theorie, Examen & Steiertimber
Praxis: 97€ /Stonn (Examen: 145,50€)
Devis
Inscriptioun:
- Ënnerschrëft (bäi der Inscriptioun an der Fahrschoul)
- Certificat médical (net méi al wéi 3 Méint)
- Passfoto
- Kopie Carte d’identité