Beschreiwung:
Mam A2 Führerschäin kënnt Dir fueren:
- Maximal 35 kW (48 Ps)
- Maximal 0,2 kW/kg
- Wann d’Motorrad gedrosselt ass, dierf et ouni Drossel net méi wéi 70 kW hunn.
Viraussetzung:
Mindestalter: 17 1/2 Joer
Et ass awer absolut rotsam fir d’éischt den Autosführerschäin ze maachen.
Formatioun:
Theorie: 6 Stonnen + Examen
Praxis: 16 Stonnen + Examen
Wann een den A1 (125ccm) Führerschäin schonn huet, da brauch een fir den A2 Führerschäin ze kréien, just 7 Stonnen Formatioun ouni Examen, weder en theoreteschen nach e prakteschen.
Eis Motorrieder fir d’Ausbildung sinn alleguer mat ABS equipéiert.
Präisser:
Theorie: 170€ fir d’Aschreiwung, Theorie, Examen & Steiertimber
Praxis: 80€ /Stonn (Den Examen zielt wéi eng Stonn)
Devis
Inscriptioun:
- Ënnerschrëft (bäi der Inscriptioun an der Fahrschoul)
- Certificat médical (net méi al wéi 3 Méint)
- Passfoto
- Kopie Carte d’identité
Zousätzlech wann Dir wärend deenen leschten 5 Joer am Ausland gewunnt hutt:
- Extrait vum Casier judiciaire aus dem Ausland (+ Iwwersetzung ob franséich, däitsch, englësch oder portugiesesch, wann den Extrait an enger anerer Sprooch redigéiert ass)