News
Fahrlehrer*innen opgepasst! Mir sichen Verstärkung vir eis Team! Du bass qualifizéiert, motivéiert an …
Grouss Nouvellen! Mir sinn begeeschtert Iech den neisten Zouwues an eiser Flott vun der virzestellen - …
#motorcycle #motorcyclegear #dainese #drivingschool #luxembourg #safety
Fir eis Equipe weider ze verstäerken, bilden mir 5 Apprenti-Fahrlehrer aus! Du wëlls Fahrlehrer ginn?Da …

Führer­schäin A2

Beschreiwung:

Mam A2 Führerschäin kënnt Dir fueren:

  • Maximal 35 kW (48 Ps)
  • Maximal 0,2 kW/kg
  • Wann d’Motorrad gedrosselt ass, dierf et ouni Drossel net méi wéi 70 kW hunn.

Viraussetzung:

Mindestalter: 17 1/2 Joer

Et ass awer absolut rotsam fir d’éischt den Autosführerschäin ze maachen.

Formatioun:

Theorie: 6 Stonnen + Examen

Praxis: 16 Stonnen + Examen

Wann een den A1 (125ccm) Führerschäin schonn huet, da brauch een fir den A2 Führerschäin ze kréien, just 7 Stonnen Formatioun ouni Examen, weder en theoreteschen nach e prakteschen.

Eis Motorrieder fir d’Ausbildung sinn alleguer mat ABS equipéiert.

Präisser:

Theorie: 170€ fir d’Aschreiwung, Theorie, Examen & Steiertimber

Praxis: 80€ /Stonn (Den Examen zielt wéi eng Stonn)

Devis

Inscriptioun:

  • Ënnerschrëft (bäi der Inscriptioun an der Fahrschoul)
  • Certificat médical (net méi al wéi 3 Méint)
  • Passfoto
  • Kopie Carte d’identité

Zousätzlech wann Dir wärend deenen leschten 5 Joer am Ausland gewunnt hutt:

  • Extrait vum Casier judiciaire aus dem Ausland (+ Iwwersetzung ob franséich, däitsch, englësch oder portugiesesch, wann den Extrait an enger anerer Sprooch redigéiert ass)