News
Fahrlehrer*innen opgepasst! Mir sichen Verstärkung vir eis Team! Du bass qualifizéiert, motivéiert an …
Grouss Nouvellen! Mir sinn begeeschtert Iech den neisten Zouwues an eiser Flott vun der virzestellen - …
#motorcycle #motorcyclegear #dainese #drivingschool #luxembourg #safety
Fir eis Equipe weider ze verstäerken, bilden mir 5 Apprenti-Fahrlehrer aus! Du wëlls Fahrlehrer ginn?Da …

Führer­schäin F

Beschreiwung:

Mam F Führerschäin kënnt Dir fueren:

Bis 18 Joer:

  • Trakter bis 40 km/h
  • Aarbechtsmaschinn bis 600 kg (Eegegewiicht) an 25 km/h

Ab 18 Joer:

  • Trakter, och méi séier wéi 40 km/h
  • Aarbechtsmaschinn bis 12000 kg (m.m.a.)

Mam F Führerschäin, kritt dir automatesch och den AM Führerschäin (50 Kubik). Dir musst keng extra Formatioun maachen.

Viraussetzung:

Mindestalter: 15 1/2 Joer

Formatioun:

Theorie: 12 Stonnen + Examen

Wann Dir den Theoriesexamen gepackt hutt, a 16 Joer aal sidd, kënnt Dir mat enger assurance d’apprentissage eleng op der Strooss fueren. Dir gitt dann no enger Zäit automatesch vun der SNCA an de prakteschen Examen geruff, den um eegenen Gefier gemaach gëtt. Dir musst keng Fahrstonnen maachen.

Präisser:

Theorie: 260€ fir d’Aschreiwung, Theorie, Examen & Steiertimber

Devis

Inscriptioun:

  • Ënnerschrëft & Ënnerschrëft vun engem Elterendeel op der Demande (bäi der Inscriptioun an der Fahrschoul)
  • Certificat médical (net méi al wéi 3 Méint)
  • Passfoto
  • Kopie Carte d’identité
  • Kopie Carte d’identité vun engem Elterendeel
  • Ausbildungsversécherung (assurance d’apprentissage) vum Trakter (Kontaktéiert Ären Versécherungsagent)