Beschreiwung:
Mam BE Führerschäin kënnt Dir fueren:
- Auto + Unhänger mat engem Gesamtgewicht vum Gespann (Auto+Unhänger) iwwer 4.250kg bis maximal 7000kg
- D’Masse vum Unhänger därf net iwwert d‘ “masse remorquable“ vum Auto goen. Dëst steet op der groer Kaart vum Auto.
- D’Gesamtgewiicht (m.m.a.) vum Unhänger dierf nie iwwer 3500kg sinn.
Viraussetzung:
Mindestalter: 18 Joer & den Autosführerschäin
Formatioun:
6 Stonnen Formatioun + Examen (D’Theorie gëtt an d’Praxis integréiert) + Examen
Virum prakteschen Examen gi 7 bekannt Theoriesfroen gestallt
Präisser:
80€ fir d’Aschreiwung & Steiertimber
Praxis: 85€ /Stonn (Examen: 100€)
Virum prakteschen Examen stellt den Examinator Iech 7 bekannt theoretësch Froën.
Devis
Inscriptioun:
- Ënnerschrëft (bäi der Inscriptioun an der Fahrschoul)
- Passfoto
- Kopie Carte d’identité
Zousätzlech wann Dir wärend deenen leschten 5 Joer am Ausland gewunnt hutt:
- Extrait vum Casier judiciaire aus dem Ausland (+ Iwwersetzung ob franséich, däitsch, englësch oder portugiesesch, wann den Extrait an enger anerer Sprooch redigéiert ass)