News
Fahrlehrer*innen opgepasst! Mir sichen Verstärkung vir eis Team! Du bass qualifizéiert, motivéiert an …
01.01.1970
Grouss Nouvellen! Mir sinn begeeschtert Iech den neisten Zouwues an eiser Flott vun der virzestellen - …
01.01.1970
#motorcycle #motorcyclegear #dainese #drivingschool #luxembourg #safety
01.01.1970
Fir eis Equipe weider ze verstäerken, bilden mir 5 Apprenti-Fahrlehrer aus! Du wëlls Fahrlehrer ginn?Da …
01.01.1970

Heefeg Froen

Inscriptioun

Wat brauch ech fir mech fir de Führerschäin unzemellen?

Dat ass vir all Führerschäin e bësschen anescht. Den Detail vun den Dokumenter fannt Dir bäi de Führerschäinskategorien.

Theorie

Muss ech mech entscheeden, ob ech d'Theorie am Sall oder Online maachen, oder kann ech Béides gläichzäiteg maachen?

Dir musst Iech net entscheeden!

Dir kënnt Är Theorie maachen:

  • komplett bäi eis an den Säll maachen
  • komplett online
  • dir kënnt Iech dat opdeelen, wéi et Iech am Beschten arrangéiert

Des Weideren kënnt Dir Är Theorie an all eise Säll matmaachen.

An eisem Kalenner fannt Dir all eis geplangten Theoriescoursen.

Ass et wichteg, dass ech d'Theorie an där richteger Reiefolleg maachen?

Nee, d’Reiefolleg ass egal!

Eis Coursen si sou opgebaut, dass kee Virwëssen vun engem aaneren Cours néideg ass, fir kënnen matzemaachen.

Dir kënnt also z.B. mat der Theorie 6 uffänken a mat der Theorie 1 ophaalen.

Ech hunn all meng Theoriestonnen elo fäerdeg. Wat muss ech elo maachen?

Wichteg! Dir braucht e Stempel vun engem vun eise Fahrlehrer op Ärem Certificat d’apprentissage, den zertifiéiert, dass Dir all Är Theoriestonnen gemaach hutt. Feelt dësen Stempel, kann den Examen net gemaach ginn. Frot Äre Fahrlehrer no Ärer leschter Theoriestonn, fir Iech de Stempel op den Certificat ze maachen.

Duerno kënnt Iech elo fir den Theoriesexamen bäi der SNCA umellen.

D’Reservatioun kënnt Dir folgendermoossen maachen:

An der Reegel gëtt et hei keng laang Waardezäiten. Dir kritt normalerweis e Rendez-vous fir den Examen ënnerhalb vun enger Woch.

Wéi kann ech mech fir den Theoriesexamen umellen?

D’Reservatioun kënnt Dir folgendermoossen maachen:

An der Reegel gëtt et hei keng laang Waardezäiten. Dir kritt normalerweis e Rendez-vous fir den Examen ënnerhalb vun enger Woch.

Wichteg! Dir braucht e Stempel vun engem vun eise Fahrlehrer op Ärem Certificat d’apprentissage, den zertifiéiert, dass Dir all Är Theoriestonnen gemaach hutt. Feelt dësen Stempel, kann den Examen net gemaach ginn. Frot Äre Fahrlehrer no Ärer leschter Theoriestonn, fir Iech de Stempel op den Certificat ze maachen.

Muss ech all Sujet gesinn un, fir an den Theoriesexamen kënnen ze goen?

Et ass vu Virdeel all Sujet gesinn ze hunn vir optimal preparéiert an den Examen ze goen.

Dir musst op mannst de vum Gesetz virgeschriwwene Minimum vun den Theoriestonnen fir Är Führerschäinskategorie matgemaach hunn.

Ech fillen mech nach net sécher genuch fir an den Theoriesexamen ze goen! Kann ech méi oft an d'Theorie kommen?

Natierlech!

Dir kënnt esou oft an d’Theorie kommen wéi Dir wëllt, fir Iech perfekt op den Examen ze preparéieren.

Selbstverständlech ouni weider Käschten!

 

Video-Theorie

Praktesch Fahrstonnen

Wou ass den Treffpunkt fir d’Fahrstonnen mat mengem Fahrlehrer?

Den Treffpunkt fir d‘Fahrstonnen kënnt dir individuell mat Ärem Fahrlehrer ausmaachen.

Wat fir eng Schutzkleedung brauch ech fir meng Motorradsfahrstonnen?

Zu Ärem Schutz fueren mir ab där éichter Motorradsfahrstonn ëmmer mat enger kompletter Tenue. Dozou gehéieren : homologéierten Helm, Motorradsjackett mat Réckenprotektor, Motorradsbox, Motorradshändchen, a Motorradsschong.

Dir kënnt fräi entscheeden ob dir Iech Schutzkleedung aus Lieder oder Textil kafen wëllt. Och Motorrads-Jeans, déi mat Kevlar verstäerkt sinn sinn fir d’Ausbildung ok.

Jet-Helmer (ouni Protektioun vum Kënn) sinn, wann se homologéiert sinn op der Strooss erlaabt. Mir roden Iech awer zu Ärer eegener Sécherheet ganz staark of mat esou engem Helm ze fueren. Integralhelmer oder Klapphelmer bidden eng wesentlech besser Protektioun am Fall vun enger Chute.

Zu allen weideren Froen déi Schutzkleedung vum Motorrad betreffen, stinn eis Fahrlehrer Iech zu all Moment Ried an Äntwert!

Opgrond vun der aktueller Covid-19 Pandemie, kënnen mir leider keng Schutzkleedung verléinen.

Wéi laang dauert eng Fahrstonn? Kann ech e puer Fahrstonnen beieneen maachen?

An der Regel fueren mir ëmmer 2 Fahrstonnen beieneen. Dat kënnt dir awer individuell mat Ärem Fahrlehrer ausmaachen.

Wéi kann ech mech fir de prakteschen Examen umellen?

Dir beschwätzt no all Fahrstonn mat Ärem Fahrlehrer de Progrès vun Ärer Ausbildung. Soubal dir an Ärer Ausbildung esou wäit sidd, mécht Ären Fahrlehrer d’Demande fir den Examen fir Iech.

Kann ech mir mäi Fahrlehrer eraussichen?

Dir kënnt eis gären soen, wann Dir mat engem bestëmmten Fahrlehrer fueren wëllt. Mir probéieren ëmmer sou gutt wéi méiglech op Är Wënsch anzegoen.

Kann ech d’Fahrstonnen mat mengem eegenen Motorrad maachen?

Dat ass leider am Prinzip net méiglech. Mir hunn awer divers Motorrieder an eisem Fuerpark. Do ass vir jiddereen eppes dobäi. Dir kënnt Iech d’Motorrad mat dem Dir an der Ausbildung fuert selwer raussichen.

Kuckt Iech eisen Fuhrpark hei un.