Beschreiwung:
Mam B100 Führerschäin kënnt Dir fueren:
- Maximal 125 ccm
- Maximal 11 kW
- Maximal 0,1 kW/kg
De Führerschäin B100 ass nëmmen a Lëtzebuerg gülteg.
Viraussetzung:
Mindestalter: 20 Joer & mindestens 2 Joer den Autosführerschäin
Formatioun:
7 Stonnen Formatioun ouni Examen, weder en theoreteschen nach e prakteschen.
Eis Motorrieder fir d’Ausbildung sinn alleguer mat ABS equipéiert.
Präisser:
80€ fir d’Aschreiwung & Steiertimber
Praxis: 78€ /Stonn
Devis
Inscriptioun:
- Ënnerschrëft (bäi der Inscriptioun an der Fahrschoul)
- Certificat médical (net méi al wéi 3 Méint)
- Passfoto
- Kopie Carte d’identité
Zousätzlech wann Dir wärend deenen leschten 5 Joer am Ausland gewunnt hutt:
- Extrait vum Casier judiciaire aus dem Ausland (+ Iwwersetzung ob franséich, däitsch, englësch oder portugiesesch, wann den Extrait an enger anerer Sprooch redigéiert ass)