News
Fahrlehrer*innen opgepasst! Mir sichen Verstärkung vir eis Team! Du bass qualifizéiert, motivéiert an …
01.01.1970
Grouss Nouvellen! Mir sinn begeeschtert Iech den neisten Zouwues an eiser Flott vun der virzestellen - …
01.01.1970
#motorcycle #motorcyclegear #dainese #drivingschool #luxembourg #safety
01.01.1970
Fir eis Equipe weider ze verstäerken, bilden mir 5 Apprenti-Fahrlehrer aus! Du wëlls Fahrlehrer ginn?Da …
01.01.1970

Führer­schäin B

Beschreiwung:

Mam Autosführerschäin kënnt Dir fueren:

  • Auto bis 3500 kg (m.m.a.) an 9 Persounen (Chauffer inclus)
  • Unhänger bis 750 kg (m.m.a.)
  • Unhänger iwwer 750 kg (m.m.a.), wann d’Gesamtgewiicht (m.m.a.) vum Gespan (Auto + Unhänger) net méi héich ass wéi 3500 kg.
  • 50 Kubik
  • Trakter
  • Aarbechtsmaschinn bis 12000 kg (m.m.a.)
  • Quad

Viraussetzung:

Mindestalter: 17,5 Joer

Mindestalter: 17 Joer, wann een conduite accompagnée mëcht

Formatioun:

Theorie: 12 Stonnen + Examen

Praxis: 16 Stonnen + Examen

Bäi der conduite accompagnée ginn déi 16 Stonnen an 12 Stonnen Praxis virun & 4 Stonnen Praxis no der conduite accompagnée opgedeelt.

Präisser:

Theorie: 260€ fir d’Aschreiwung, Theorie, Examen & Steiertimber

Praxis: 74€ /Stonn (Den Examen zielt wéi eng Stonn)

Devis

Inscriptioun:

  • Ënnerschrëft & Ënnerschrëft vun engem Elterendeel op der Demande, wann Dir nach keng 18 Joer hutt (bäi der Inscriptioun an der Fahrschoul)
  • Certificat médical (net méi al wéi 3 Méint)
  • Passfoto
  • Kopie Carte d’identité
  • Kopie Carte d’identité vun engem Elterendeel, wann Dir nach keng 18 Joer hutt.

Zousätzlech bäi der conduite accompagnée:

  • Kopie Carte d’identité vun all Accompagnateur
  • Kopie Führerschäin vun all Accompagnateur
  • Ausbildungsversécherung (assurance d’apprentissage) fir Ären Auto (Kontaktéiert Ären Versécherungsagent)

Zousätzlech wann Dir wärend deenen leschten 5 Joer am Ausland gewunnt hutt:

  • Extrait vum Casier judiciaire aus dem Ausland (+ Iwwersetzung ob franséich, däitsch, englësch oder portugiesesch, wann den Extrait an enger anerer Sprooch redigéiert ass)