News
Fahrlehrer*innen opgepasst! Mir sichen Verstärkung vir eis Team! Du bass qualifizéiert, motivéiert an …
01.01.1970
Grouss Nouvellen! Mir sinn begeeschtert Iech den neisten Zouwues an eiser Flott vun der virzestellen - …
01.01.1970
#motorcycle #motorcyclegear #dainese #drivingschool #luxembourg #safety
01.01.1970
Fir eis Equipe weider ze verstäerken, bilden mir 5 Apprenti-Fahrlehrer aus! Du wëlls Fahrlehrer ginn?Da …
01.01.1970

Geschicht

1968 | Wou alles ugefaang huet

Zum Joreswiessel 1967 – 1968 huet de Pol Diederich, deemols nach an der Fiels wunnhaft, zu Iechternach eng Fahrschoul opgemaach. Säin 1ten Théoriessall hat hie gelount op der Nummer 15 an der Lëtzebuergerstrooss, wat nach villäicht e puer eeler Clienten sech erënneren.

1970 - 1992 | Echternach & Junglinster

Am Summer 1970 war zu Iechternach an der Maximilianstrooss op der Nummer 14 en neit Haus fäerdeg an d’Famill Diederich konnt sech geschäftlech wéi privat do néierloossen. Nach haut, méi wéi 40 Joer méi spéit, ass dëst lokal de sëtz vun der Entreprise.

Am September 1992 koum den 2ten Théoriessall derbäi, an zwar zu Jonglënster op der Iechternacherstrooss op der Nummer 14.

2005 - 2007 | Tom Diederich

Den 1ten Januar 2005 huet den Tom Diederich d’Fahrschoul vu sëngem Pap iwwerholl ënnert dem Numm “Auto-Ecole Diederich S.à r.l.”

Am Juni 2007 ass den 3ten Théoriessall opgaang, an daat zu Dikkrech an der “rue du Pont” op der Nummer 8. Am Hierscht 2007 ass zu Jonglënster den Théoriessall op eng aaner Adress gewiesselt an dat an d’ “rue du Village” op d’Nummer 41.

2015 - haut | Déi folgend Joeren

Vu 2015-2020 haat mir eise Sëtz zu Jonglënster am Centre Commercial Langwiss 2, an dunn si mir op de Lënsterbierg op d’Nummer 11 geplënnert.

An deene méi wéi 40 Joer ass de Betrieb vun engem “Einmannbetrieb” am Joer 1968 gewuess zu enger mëttlerer Entreprise mat méi wéi 10 Mataarbeschter.